Quantcast
Channel: Aktualitéiten – Infolux – Fuerschungsportal iwwert d'Lëtzebuergescht
Viewing all articles
Browse latest Browse all 107

Zweeten Opruff: Sich no Participanten fir eng linguistesch Etüd

$
0
0

Mäin Numm ass Maike Edelhoff an ech siche fir meng Dokteraarbecht nach Leit, déi Loscht hunn, fir bei menger Etüd matzemaachen. Bei der éischter Kéier hu sech schonn immens vill Leit gemellt – fir d’éischt also VILLMOOLS MERCI un alleguer déi Participanten! Dir hutt mir immens kënne weiderhëllefen! Ech melle mech geschwënn wéinst de Resultater.

An dësem zweeten Opruff sichen ech nach eng Kéier Participanten aus dem ganzen Land: et ginn nach e puer wäiss Flecker op der Kaart. W.e.g. kuckt ënnen an der Tabell, ob Är Uertschaft mat dobäi ass. Wann net, hate sech do scho Leit gemellt.

 

Wat ass de Sujet?
Et geet ëm d’Gemeinsamkeeten an d’Ënnerscheeder vun der lëtzebuergescher Sprooch am Grand-Duché an de muselfränkeschen Dialekter op der däitscher Säit.

 

Wéi gesäit d’Ëmfro aus?
Et ass e schrëftleche Questionnaire (ca. 30 Minutten Opwand) – virun allem fir unzekräizen an eenzel Wierder op Lëtzebuergesch ze schreiwen – et muss een NET Lëtzebuergesch schreiwe geléiert hunn.

 

Wien ass gefrot?
2 Participante pro Gemeng, Dir sollt
– lëtzebuergesch Mammesproochler tëscht 30-45 ODER iwwer 50 sinn
– aus enger vun deene folgenden Uertschafte kommen a schonn ëmmer op der nämmlechter Plaz gewunnt hu resp. net méi wéi 10 km ewech geplënnert sinn
– op d’mannst een Elterendeel aus der nämmlechter Uertschaft hunn
– en Openthalt am Ausland ass kee Problem

 

Wéi eng Uertschafte si gefrot?

Kanton Gemengen
Dikrech Ärenzdallgemeng, Reisduerf
Esch-Uelzecht Monnerech, Schëffleng, Suessem
Gréiwemaacher Gréiwemaacher
Iechternach Bech, Mompech
Kapellen Koplescht
Klierf Wäisswampech, Wëntger
Lëtzebuerg Nidderaanwen
Miersch Fëschbech, Kolmer-Bierg
Réiden Ell, Rammerech, Sëll, Wal
Réimech Bus, Réimech, Schengen, Stadbriedemes
Veianen Tandel
Wolz Bauschelt, Wanseler, Wolz

 

Wéi kann ee matmaachen?
Mellt Iech einfach direkt bei mir (Maike Edelhoff:)
E-Mail: maike.edelhoff@uni.lu
Telefon: +352 46 66 44 5178 (mat Repondeur)

 

Der Beitrag Zweeten Opruff: Sich no Participanten fir eng linguistesch Etüd erschien zuerst auf Infolux - Fuerschungsportal iwwert d'Lëtzebuergescht.


Viewing all articles
Browse latest Browse all 107