Am Kader vun engem Projet am „Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft“ op der Universitéit Lëtzebuerg gëtt de Gebrauch vun „hatt“ a „si“ ënnersicht. Fir méi iwwert den alldeegleche Gebrauch an d’Charakteristike vun dësem Phänomen am Lëtzebuergesche gewuer ze ginn, sicht d’Uni Lëtzebuergesch-Spriecher, déi bereet sinn, als Fräiwëlleger en Online-Froebou auszefëllen.
All Lëtzebuergesch-Spriecher kënne matmaachen; et muss een also net Mammesproochler sinn an et gëtt keng Altersgrenz. Fir den Online-Froebou auszefëllen, muss een net Lëtzebuergesch schreiwe geléiert hunn. D’Ëmfro ass anonym.
Ëmfro ’hatt‘ oder ’si‘Bei Froe kann ee sech per E-Mail un d’Sara Martin (Masterstudentin Lëtzebuerger Studien) wennen: sara.martin.001@student.uni.lu
Der Beitrag Ëmfro iwwert „hatt“ a „si“ erschien zuerst auf Infolux - Fuerschungsportal iwwert d'Lëtzebuergescht.