Et ass eng wuel bekannten Tatsaach, dass et bei ville Leit mat der lëtzebuergescher Orthographie hapert. Den Haaptgrond läit warscheinlech dorunner, dass et net an der Schoul geléiert gëtt. Vill Leit schreiwen also einfach no hirem Gefill, firwat ech déi Aart vu Schreifweis hei einfach ‚gefillten Orthographie‘ nennen. Et gëtt awer natierlech och eis norméiert Orthographie, déi an den offiziellen Texter vun 1975 an 1999 festgeluecht ginn ass, mat konkrete Reegelen an Ausnamen. Aus wëssenschaftlecher Perspektiv ass et natierlech ganz intressant, wéi d’Verhältnes tëscht der gefillter an der norméierter Orthographie ass. Wat dat awer am Alldag bedeite kann, weist dëst Beispill:
Um lëtzebuergesche Radio leeft am Moment eng Reklamm fir en Internetsite, wou d’Internetadress einfach virgelies gëtt (wéi sollen se et um Radio och anescht maachen?). De Site huet e lëtzebuergeschen Numm, dee bal 20 Buschtawe laang ass. Direkt doheem setzen ech mech un de Computer an tippen d’Adress an (wuel gemierkt no der norméierter Orthographie).
Resultat: „Site en construction“
Wéi muss de Site dann elo geschriwwe ginn? Ech hunn et akustesch op alle Fall richteg verstanen. Ech versichen elo einfach, op verschiddene Plaze potentiell Feeler anzebauen, a fanne schliisslech déi richteg Säit mam Titel: www.mirkaafenaerenauto.lu (de Problem ass also déi falsch Verduebelung vum <a> bei <kafen>).
Lo gëtt et also en online Service zu Lëtzebuerg, wou d’Clienten direkt mat der Orthographie déi éischt Hürd huele mussen. A wann se d’Orthographiesreegele kennen, da kommen se mol net op där Säit eraus, wou se am Fong lande wollten. Dës Adress ass also nom Prinzip vun der gefillter Orthographie ëmgesat ginn – mam Resultat, dass d’Clienten d’Säit net esou liicht fannen.
Och aner – net-lëtzebuergesch – Internetsitten hunn de Problem, dass d’Adress villäicht keng intuitiv Schreifweis huet. Déi einfachste Léisung wier hei, sech extra déi verschidden „falsch“ Schreifweisen als Adress ze reservéieren an se dann dono op déi richteg Säit weiderzeleeden. E witzegt Beispill dofir ass d’Online-Mediathéik vum däitschen RTL mam Numm ‚RTLnow‘ (www.rtlnow.de). Hei gouf et de Spectateuren, déi just nolauschteren oder déi keen Englesch kënnen, besonnesch liicht gemaach, andeems een och ënnert dem Site www.rtlnau.de op der gewënschter Säit erauskënnt.
Eise lëtzebuergeschen Occasiounssite huet awer just nach déi folgend Adresse gebucht: mkaa.lu an wirkaufendeinauto.lu, mee déi goufen um Radio net virgelies.
Der Beitrag Wann de Marketing mat der lëtzebuergescher Orthographie kollidéiert erschien zuerst auf Infolux - Fuerschungsportal iwwert d'Lëtzebuergescht.